Rue Wiltheim

Rue Wiltheim
Numm lb: Scheedgesbierg[1]
fr: Rue Wiltheim
Längt ca. 90 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 2733
Koordinaten 49° 36’ 42.4’’ N
      06° 08’ 02.5’’ O
Genannt no Wiltheim


D'Rue Wiltheim ass eng Strooss an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg, déi vum Fëschmaart erop an d'Groussgaass geet, woubäi den ieweschten Deel, vum Ale Geriichtsgebai bis bei d'Kräizung Schiggerisgaass / Groussgaas, Rue du Palais de Justice heescht. Am Haus Nr. 6, dem Gebuertshaus vum Moler Joseph Kutter[2], ass d'Schéieschlach, e verwëllefte Passage.

1854 huet de Stater Gemengerot hir deen Numm ginn, fir un d'Famill (de) Wiltheim z'erënneren, deenen hir bekanntst Memberen den Alexandre, de Guillaume an den Eustache waren. Hiert Haus stoung nämlech do, wou haut d'Haaptgebai vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht ass.[3]


  1. LCTO, Plan Ville et environs, 9e édition, 1999
  2. pm, 2017. Dem Fischmarkt neues Leben einhauchen. "Comité Alstad" feiert sein 80. Jubiläum. Luxemburger Wort vum 26. September 2017, S. 24.
  3. [Fonds de la Rénovation de la Vieille Ville; MNHA: Réhabillitation de l'Aile Wiltheim: Musée national d'art et d'histoire. [Plaquette], Lëtzebuerg, Mäerz 2015. ISBN 978-99959-775-3-5.

Developed by StudentB